Dir sidd am beschten Alter a wëllt Äert Wëssen un déi jonk Generatioun weiderginn a se beim Léieren ënnerstëtzen? Dann hu mir en Tipp fir Iech!

03/12/2019

Am Kader vum regionale LEADER-Projet “Super Senior” vum Mouvement pour l’Egalité des Chances pour Tous – MEC a.s.b.l. gouf e Nohëllefservice vu Seniore fir Kanner aus der Grondschoul op d’Been gestallt. D’Senioren hëllefen de Kanner beim Léiere mat hirem Wëssen an hirer Liewenserfarung, a gläichzäiteg bleiwen se aktiv. Souwuel fir d’ Kanner ewéi fir d’ Senioren ass et eng “win-win” Situatioun.

Wéinst de grousser Nofro an dem positive Feedback, huet de Mouvement pour l’Egalité des Chances pour Tous – MEC a.s.b.l. décidéiert e weideren Opruf ze starten fir seng Ekipp vu Super Senioren ze verstäerken. Wann Dir iwwer 50 Joer sidd a Loscht hutt Iech an dësem Projet am Zeeche vum intergenerationellen Austausch ze engagéieren, da mellt Iech bei hinnen. Gesicht gi Senioren, déi de Kanner an de Fächer Däitsch, Franséisch, oder Rechne kënnen hëllefen.

Dir kënnt Är Kandidatur bis den 13. Januar 2020 areechen.

Fir weider Informatiounen:

Mouvement pour l’Egalité des Chances pour Tous – MEC asbl
9, rue André Duchscher
L-6434 Echternach
Tél : 26.72.00.35

E-mail: info@mecasbl.lu

Internet: https://mecasbl.lu/