140 Joer Schéissendëmpel

19/07/2019

Wien kennt en net? En ass iwwert d’ Grenze vum Mëllerdall eraus bekannt an e beléifte Fotomotiv an Ausfluchszil: de Schéissendëmpel.
Dëse Sonndeg, 21. Juli, gëtt fir seng 140 Joer e grousst Fest gefeiert. D’ Visiteuren erwaart e flotten an ofwiesslungsräiche Programm mat Stärentier, enger Walk your senses-Wanderung, enger Billerausstellung vun de Konsdrefer a Waldbëlleger Schoulkanner an Informatiounsstänn an Aktivitéiten an nach villem méi. Och d’LAG LEADER Regioun Mëllerdall an hir Partner aus der Regioun si mat um Rendezvous.

Kommt bis laanscht a feiert zesumme mat eis 140 Joer Schéissendëmpel!

 

Fir weider Informatiounen an de Programm:

 

http://www.consdorf.lu/page/communeManager/newsfile/1589/Programm%20pdf.pdf

http://waldbillig.lu/actualites/news/

https://www.facebook.com/events/415325239324690/